top of page

Invitation à
l’assemblée générale

Léif Memberen, 

De Comité invitéiert ganz häerzlech op d’Generalversammlung, 

Dënnschdes, de 24. Februar 2026 um 20 Auer am Syrkus zu Rued-Sir

 

Dagesuerdnung:

1.       Begréissung duerch d‘Präsidentin

2.       Aktivitéitsbericht vum Sekretär fir d’Joer 2025

3.       Keesebericht

4.       Decharge duerch d’Keesserevisoren

5.       Decharge vum Comité

6.       Ausbléck a Projeten fir 2026

7.       Fräi Aussprooch / Divers

 

No der Versammlung invitéiert de Comité op en Éierewäin

Mir freeën eis, Iech op der Generalversammlung kënnen ze begréissen.

 

Mat beschte Gréiss

Fir de Comité

Präsidentin

WEBER Simone

Sekretärin

STEINMETZ Conny

 

Cotisation membre 2026

 

Fir dass eise Veräin och weiderhi lieweg bleift a mir spannend Projeten ëmsetze kënnen, erënnere mir Dech ganz häerzlech un d’Bezuelung vum järleche Membersbäitrag. De Bäitrag fir d’Joer 2026 hëlleft eis, Masterclassen, Formatiounen, Concerten an aner Aktivitéiten z’organiséieren.

 

Membre actif - 20€


Membre donateur - 50€

 

W.e.g. iwwerweis de Bäitrag bis spéitstens den 1. Mäerz op dëse Kont:

 

Titulaire : Luxembourg Clarinet Association asbl

IBAN : LU15 0019 7455 7594 3000

BIC : BCEELULL

Motif du paiement : cotisation de membre / année 2026

 

 

Léif musikalesch Gréiss, 

De Comité

PHOTO-2024-09-22-10-18-33_edited.jpg
bottom of page